 |
 |
|
 |
 |
Hei gett Politik gemaach!!
De Jos beim Computer, ass jo net ëmmer esou einfach, dofir esou noodenklech.
De Jos beim Computer, ass jo net ëmmer esou einfach, dofir esou noodenklech.
Salut.
Hei ass elo dem Jos séng nei Seit, op déer gett Politik geduecht, nidergeschriwen an domat bekannt gemaach. Fir waat ass den Numm "Eis Lenk"? Well ech an déer Partei engagéiert sin, an méng Fuerderung no énger oppener Webseit wéi et schéint net ze réaliséieren wuar. Deen Numm wuar nach frei, an ech hun en mat dem ufroen an bezuelen vun deem Domain-Numm elo besaat. Ech beruffen mech op eis Konstitutioun, wou all Bierger éng frei Meenungsäusserung garantéiert get, an probéieren och méng Meenung esou erem ze gin, dass och verstaanen soll gin, waat ech wöll soen, ouni éng bestömmten Persoun zevill perséinlech ze atackéieren. Ech hoffen, dass daat ëmmer méiglech ass, an zielen op déi Meenungsfreiheet, fir hei e wéineg direkt Demokratie ze bedreiwen. All Mënsch, deen des Seit liest, muss sech och bereet erklären, déi allgemeng Meenungsfreiheet ze akzeptéieren. Hien kann éventuell e Kommentar oofginn, muss deen awer an énger propperer an frëndlecher Form haalen. All Hiweis dén éng Verbesserung vun déer rechtlecher Opklärung kann erfir ruffen, get dankbar ugeholl, et soll net all Wuert op d'gölle Woo geluecht gin, an ech wöll nach drop hin weisen, dass éng Persoun, déi dess Webseit uwielt, daat ouni Zwang, also ganz freiwölleg mëcht, an also och net forcéiert ass, déi hei nidergeschriwen Texter ze liesen. De Jos
Hallo an Re-Bonjour
|
|
 |